CGDIS2 Bränn an 3 Accidenter - 3 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
An de fréie Moiesstonne vum Donneschdeg goufen et 2 Bränn. Am Laf vum Moie koumen dunn nach 3 Accidenter derbäi, bei deenen et 3 Blesséierter goufen.

Aus der Nuecht op en Donneschdeg leien zwee Bränn vir. Géint 00.15 Auer stoung zu Koler een Auto a Flamen. Et ass kengem eppes geschitt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Koler, Habscht a vu Mamer.

Zu Hesper hat et kuerz no 4 Auer op engem Balcon gebrannt. Och hei ass kengem eppes geschitt. D'Pompjeeë vu Hesper an aus der Stad waren am Asaz.

Kuerz no 6 Auer gouf et en Accident tëscht Steebrécken a Leideleng, woura 4 Autoen implizéiert waren. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz vun Esch an d'Asazzentere vu Monnerech an Esch waren op der Plaz.

Um 8.45 Auer gouf et tëscht Suessem a Käerjeng eng Kollisioun tëscht 2 Autoen. Och hei gouf 1 Persoun blesséiert. D'Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng an d'Asazzentere vu Suessem/Déifferdeng a vun Esch waren op der Plaz.

Géit 9.40 Auer huet et zu Alzeng tëscht engem Auto an engem Bus gerabbelt. 1 Persoun gouf verwonnt. D'Ambulanz aus der Stad an den Asazzenter vun Hesper waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO