
Aktuell sinn 38 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 15 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 852.332 Impf-Dosisse genotzt. 2.178 Leit sinn e Mëttwoch geimpft ginn. 419.486 Awunner gëllen als komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,42. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.