Coronavirus zu Lëtzebuerg2 Doudesaffer, vu 4.917 Tester waren der 2.146 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.025 geklommen ass.
© RTL

Aktuell si 37 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 3 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.273.931 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 304,89 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 350,44 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,26. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO