All un den Dësch“ huet et geheescht. Fir d‘2. Kéier gouf dës Manifestatioun organiséiert, wou d’Leit gratis z’iesse kritt hunn.
Fir 90 Leit war Iesse virgesinn. Bio-lokale Kascht. 70 Persounen haten sech um 12.30 Auer Plaz geholl. Et gouf matenee gepotert an et konnt een op dës Manéier e puer flotter Stonnen zesumme verbréngen. Dës Initiativ huet de Leit ganz gutt gefall.
Mënschen aus der selwechter Géigend a vun de verschiddenste Kulturen zesummebréngen - dat ass och d'Zil vum interkulturelle Fest dëse Weekend zu Déifferdeng. Et ass déi 20. Editioun, wou d'Gemeng mat engem Animatiounsprogramm a Stänn de Bierger vun de verschiddenen Nationalitéiten d'Gebräich an d'Iesskultur aus anere Länner méi nobrénge wëll. Zu Déifferdeng liewe 55 % Net-Lëtzebuerger.