Uergen Accident zu Iechternach2 Foussgänger vun Auto erfaasst a blesséiert

David Winter
Bei 4 Accidenter goufen en Donneschdeg de Mëtteg ganzer 6 Persoune blesséiert, bei enger Persoun huet missten de Rettungshelikopter geruff ginn.
© Police

Schroen Accident um Donneschdeg am spéiden Nomëtten zu Iechternach an der Dikrecher Strooss, dat géint 16.20 Auer, net wäit vun enger Tankstell ewech.

En Automobilist war aus bis ewell ongekläerter Ursaach op d'Géigespur geroden, krut dunn Hecken op der Säit ze paken an ass dunn um Trottoir an zwee Foussgänger gerannt. Eng Persoun gouf esou uerg blesséiert, dass de Rettungshelikopter geruff gouf. Déi zweet Persoun gouf méi liicht blesséiert.

Béid Blesséierter goufen op der Plaz éischtversuergt. Um kuerz virun 18 Auer war d'Onglécksplaz geraumt.

Weider Accidenter goufen et dann an der Stad. Eemol an der rue de Reims, hei kruten sech 2 Autoen ze paken, eng Persoun gouf blesséiert.

An der rue Eecherschmelz bei der Côte Eich gouf et dann nach en Accident mat engem Auto, och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Zu Käerjeng an der Avenue de Luxembourg kruten sech en Auto an e Moto ze paken. Hei goufen 2 Persoune blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO