
D’Fra, déi den Accident verursaacht huet, krut zwee Joer Prisong op Sursis. D’Famill vum Affer wëll an Appell goen. Dat sot d’Tatta vun der Verstuerwener RTL um Dënschdegmoien.
D’Sëtzung um Geriicht wier um Dënschdeg de Moien um 9 Auer an Thailand gewiescht. Hei gouf d’Urteel vun zwee Joer Prisong mat Sursis géint d’Fra, déi den Accident verursaacht huet, gesprach.
Den Affekot vun der Ugekloten hätt nach eng Kompensatioun proposéiert, fir datt et net zu enger Sëtzung sollt kommen. Dat wier awer fir d’Famill vum Cey-làn keng Optioun gewiescht an et hätt een dat direkt refuséiert.
Den Ausseministère hätt och gehollef a wier permanent a Kontakt mat der Mamm vum Cey-làn gewiescht. Och Vertrieder vun der Lëtzebuerger Ambassade a vum Konsulat zu Bangkok a Phuket wieren um Prozess derbäi gewiescht. D’Famill vun der Lëtzebuergerin huet en thailänneschen Affekot. D’Famill vum amerikaneschen Affer huet een amerikaneschen, deen extra op d’Plaz komm wier.
“Mir sinn einfach um Enn mat der Geschicht a mir fannen, datt zwee Joer mat Sursis einfach net richteg a fair sinn”, dat schreift d’Tatta op Nofro. Mat enger Prisongsstrof vun zwee Joer op Sursis wier een net zefridden, dofir géif een an Appell goen.

An der Nuecht vum 5. November ass an Thailand eng jonk Lëtzebuergerin bei engem Accident ëm d’Liewe komm. D’Cey-làn wier an der Vakanz op der Insel Pukhet bei hirer Groussmamm gewiescht, dat zesumme mat hiren Elteren, wéi d’Tatta RTL erkläert hat. Si souz um Récksëtz vun engem Scooter, wéi een Auto si ze pake krut. De Chauffer vum Moto, een 21 Joer alen Amerikaner, ass och op der Plaz gestuerwen. Déi 41 Joer Joer al Fra um Steier vum Auto gouf liicht blesséiert.