No déidlechem Accident an ThailandFamill vu jonker Lëtzebuergerin freet Hëllef a wëll Opklärung

Pierre Weimerskirch
An der Nuecht vum 5. November ass an Thailand eng jonk Lëtzebuergerin bei engem Accident ëm d'Liewe komm. Virun e puer Deeg huet d'Famill RTL kontaktéiert.

Dat wat d’Famill erlieft huet, an nach den Ament matmécht, wier ganz schwéier. Dat sot d’Tatta vun der 19 Joer aler Lëtzebuergerin an engem éischten Telefonsgespréich.

D’Cey-làn wier an der Vakanz op der Insel Pukhet bei hirer Groussmamm gewiescht, dat zesumme mat hiren Elteren. D’Tatta erkläert RTL: “An der Nuecht vum 4. November war meng Niess mat engem Kolleeg mam Scooter ënnerwee. Meng Niess souz um Récksëtz, se sinn allen zwee op der Plaz gestuerwen.”
D’Mamm hätt nach an der Nuecht an den Hotel ugeruff a vun den Doktere gesot kritt, dass hiert Meedchen bei engem Accident ëm d’Liewe komm ass, déi aner Persoun um Scooter war de Frënd vum Cey-làn.

Wéi koum et zum Accident?

RTL krut de Video vum Accident zougeschéckt. Mir hunn decidéiert, dës Biller net ze weisen. An dem kuerze Video vun enger Iwwerwaachungskamera gesäit een zwou jonk Persoune mat engem Scooter op enger Strooss fueren. Op eemol gesäit een en Auto mat héijer Vitess op der nämmlechter Spuer gefuer kommen, déi Zwee um Scooter goufe vun hannen iwwerrannt an op d’Säit geschleidert. Wéi d’Sekuristen op d’Plaz komm sinn, war déi jonk Lëtzebuergerin an den 21 Joer alen Amerikaner schonn dout.

Plainte deposéiert, bis elo wéineg Informatiounen

Et hätt een eng Plainte gemaach, ma bis elo wéineg Retour kritt. Déi Fra, déi den Accident verursaacht huet, gouf liicht blesséiert a géif den Ament een normaalt Liewe féieren, esou Zara-ly Pizzuto. Vun den Autoritéiten hätt se hire Pass ofgeholl kritt.

“Et sinn elo scho méi wéi zwou Wochen hier a meng Famill an ech hunn nach ëmmer keng Nouvelle kritt”, esou d’Tatta vun der Verstuerwener. Hir Mamm hätt en thailänneschen Affekot, dee mat den Autoritéiten op der Plaz a Kontakt wier, ma et géif den Ament net vill geschéien.

Um Donneschdeg huet d’Famill ee Bréif un den Ausseministère geschéckt an ëm weider Ënnerstëtzung gefrot. Et wier ee mam Lëtzebuerger Konsul an Thailand am Kontakt, ma et wéilt een awer elo och iwwert den Ausseminister Hëllef kréien.

“Et ass eis natierlech bewosst, dass sou eng Affär laang dauert, mä d’Angscht, dass d’Enquête net anstänneg duerchgefouert gëtt, ass do, a mir wënschen eis Gerechtegkeet ze kréien an dobäi de Lëtzebuerger Staat als Ënnerstëtzung ze hunn.”

Zara-Ly Pizzuto (riets) mat hirer Niess.
Zara-Ly Pizzuto (riets) mat hirer Niess.
© Privat

Den 8. November hätt d’Famill eng buddhistesch Zeremonie am Wat Chalong Temple zu Phuket organiséiert an den Dag drop wier d’Läich verbrannt ginn.

Ausseministère géif Hëllefsstellung ginn

Op Nofro huet den Ausseministère matgedeelt, dass ee generell an esou Fäll de Famillje géif hëllefen. Et géif ee Kontakt mat de lokalen Autoritéiten ophuelen. Schrëftlech huet e Spriecher RTL geschriwwen: “On peut en fonction de la situation survenue et des besoins des personnes concernées faciliter certaines démarches administratives, chercher à obtenir des renseignements auprès des autorités locales ou les accompagner dans une certaine mesure sur place pour solutionner les problèmes qui se présentent.”

A Länner wou Lëtzebuerg keng diplomatesch Vertriedung huet, kéint een op déi Belsch Ambassade goen. Zanter 1965 gëtt et hei eng Kooperatioun.

“Concernant le cas auquel vous faites référence, il convient de noter que notre Ambassade à Bangkok, notre consulat honoraire à Phuket et l’assistance consulaire du ministère des Affaires étrangères sont en contact régulier avec la famille de la personne décédée ainsi que les autorités thaïlandaises.”

Weider Detailer zu dësem konkrete Fall kéint een aus Dateschutzgrënn keng ginn.

Artikel vum 5. November

Back to Top
CIM LOGO