
Géint 10.40 Auer krut eng eeler Persoun um Tramsarrêt "Theater" um Lampertsbierg eng Kette vun engem onbekannte Mann vum Hals gerappt. Den Täter war vun hannen un d'Affer erukomm.
Am Nomëtteg goufen zu Téiteng op der Gare dräi jonke Männer iwwerfall, dat vun zwee jonke Männer, déi e Messer bei sech haten. Si konnte verschidde Wäertgéigestänn, dorënner zwee E-Roller, Suen, en Handy, eng Posch an eng Kap klauen.
Géint der Owend gouf dann nees eng Kette geklaut, dat um Boulevard Royal an der Stad. Well d'Affer sech awer géint déi dräi Täter wiere konnt, konnten dës net nach méi klaue wéi d'Ketten, déi se vum Hals gerappt hunn.