Am Lokalen2 Motocycliste sinn en Dënschdegmëtteg gefall a goufe verwonnt

RTL Lëtzebuerg
Zu Konsdref a Colmer-Bierg sinn en Dënschdegmëtteg zwee Motorradsfuerer accidentéiert.
© CGDIS

Eng Kéier zu Konsdref an der Rue du Mullerthal an eemol zu Colmer-Bierg an der Rue de Bissen. All Kéiers gouf et ee Blesséierten, mellt de CGDIS.

Dann huet nach Vegetatioun op der A13 a Richtung Schengen op der Héicht vum Tunnel Fréiseng gebrannt. Och hei ass de Bilan 1 Blesséierten.

E Méindeg den Owend goufe géint 22.20 Auer direkt véier Leit verwonnt, wéi sech zu Nidderkuer zwee Gefierer ze pake kruten. D’Secouriste vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.

Um Belair hat sech an der Rue des Aubépines géint 18 Auer e Gefier iwwerschloen. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO