Op Uerder vum Parquet2 Permisen agezunn, bei 88 kontrolléierte Chaufferen

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg huet d'Police tëscht 18 an 22 Auer zu Kënzeg an der Rue de Bascharage an zu Dippech op der N5 Alkoholkontrollen op Uerder vum Parquet gemaach.
© Police Archivbild

Ganzer 88 Automobilisten hu missten heifir blosen. Bei 3 Chauffere war den Test positiv an et goufen 2 Protokoller an 1 Verwarnung. Zwee Permise goufen nach op der Plaz agezunn.

Back to Top
CIM LOGO