
Zwee presuméiert Drogendealer konnten dobäi gestallt ginn. Si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.
Donieft goufen och 3 weider Persounen ermëttelt, déi Droge kaf haten. Si kruten e Protokoll. Wéi d’Police nach mellt, gouf eng kleng Quantitéit Drogen an eng gréisser Zomm Boergeld séchergestallt.
Da mellt d’Police nach, dass an der Nuecht op en Donneschdeg 2 Automobilisten an der Stad kontrolléiert goufen, bei deenen dunn en ze héijen Alkoholwäert festgestallt gouf. Béid Chauffere kruten de Permis ewech geholl an e Protokoll.
Um fréie Mëttwochowend gouf engem Mann an der Rue Bender an der Stad mat Gewalt seng Auer a seng Kette geklaut. Den Täter gouf am Laf vum Owend ermëttelt an op Uerder vum Parquet festgeholl. Bei deem selwechte goufen nieft der geklauter Auer, och nach ronn 40 Gramm Drogen, notamment Kokain a Cannabis, an eng gréisser Zomm Boergeld séchergestallt. All Géigestänn, déi am Kader vun der Dot relevant waren, goufe saiséiert an de Verdächtege koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.