Tëscht dem Houwald a Fenteng2 Persoune bei uergem Aarbechtsaccident blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie war et op engem Chantier tëscht dem Houwald a Fenteng zu engem schwéieren Aarbechtsaccident komm.

Géint 7.30 Auer war et hei zu enger “Gasverpuffung” komm. Een Aarbechter hat hei schwéier Verbrennungen dovu gedroen, een zweeten hat sech méi liicht verbrannt. Allebéid goufen nach op der Plaz vum Noutdokter versuergt an duerno an d’Spidol transportéiert.

Éischten Informatiounen no war d’Verpuffung op eng Heizung an engem Chantierscontainer zeréckzeféieren.

Op Uerder vum Parquet war d’Spueresécherung vun der Police Judiciaire op der Plaz. De Policekommissariat aus der Stad huet e Rapport iwwert den Tëschefall geschriwwen. Ausserdeem gouf d’ITM iwwert den Tëschefall informéiert

Back to Top
CIM LOGO