
Zwee Gefierer krute sech op dëser Plaz ze paken. De Samu wéi och d’Rettungsekippe vu Réiden, Lëntgen, Habscht a Stengefort waren och op der Plaz.

Eng Deviatioun iwwert den CR106 via Habscht gouf en place gesat.

Da mellt de CGDIS nach, datt zu Esch eng Persoun ugestouss a blesséiert gouf. Hei waren déi lokal Rettungsekippen an hir Kolleege vum SaDiff op der Plaz.