Lampertsbierg2 Persoune goufe vun engem Mann mat engem Messer liicht blesséiert
En Dënschdeg de Moie géint 11 Auer goufen um Lampertsbierg an der Avenue Victor Hugo kuerz noeneen 2 Persoune vun engem Mann mat engem Messer blesséiert.
Den Täter konnt vu Leit op der Plaz immobiliséiert ginn a gouf vu Police-Beamten, déi och direkt op der Plaz waren, festgeholl. De Mann koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.