
Wéinst Ermëttlunge vun der Police judiciaire am Kader vu Mënschenhandel a Proxenitismus, gouf an Zesummenaarbecht mat den däitschen Autoritéiten eng Perquisitioun duerchgefouert.
Geschitt ass dat de 16. Abrëll 2019 zu Tréier an engem Club, an deem Prostitutioun bedriwwe gouf. 2 Persoune goufen hei festgeholl a mussen sech elo virun der Lëtzebuerger Justiz veräntwerten.
Eng Persoun gouf schonn am Oktober zejoert festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.