
E Freideg um 11.34 Auer krut zu Nidderkäerjeng an der Avenue de Luxembourg en Automobilist e Foussgänger ze paken. Et gouf ee Blesséierten. Kuerz virun 12 Auer gouf eng weider Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Dës Kéier zu Esch an der Rue de Luxembourg.
Donieft ass zu Rouspert an der Rue Neuve nach e Motocycliste gefall. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.