Cloche d'Or a Garer Quartier2 Persounen hu geklaut a goufe festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, haten e puer Onéierlecher e Samschdeg probéiert an engem Akafszenter, respektiv an engem Kiosk, ze klauen.
© RTL Archivbild

Géint 13.30 Auer e Samschdeg de Mëtteg hunn d'Sécherheetsbeamten an engem groussen Akafszenter op der Cloche d'Or e Brigang erwëscht, dee Alkohol an Elektroapparater geklaut hat. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an hie koum virun den Untersuchungsriichter.

D'selwecht ass et dem Onéierlechen ergaangen, dee géint 18.20 Auer Alkohol aus engem Kiosk matgoe gelooss hat. Ee Mataarbechter hat de Mann gestallt an op de Policebüro bruecht. Den Déif huet sech misse virum Untersuchungsriichter veräntweren.

Back to Top
CIM LOGO