
Dee gouf doropshin an e weidere Camion viru sech gedréckt. 2 Persoune goufen an engem vun de Camionen ageklemmt an hu musse schwéier blesséiert gebuerge ginn.
D'Autobunn huet fir den Asaz vum Rettungshelikopter musse komplett gespaart ginn, a war och nach fir d'Opraumaarbechte bis en Dënschdeg de Moien um 5 Auer tëscht Mäertert an dem Potaschbierg gespaart.
En Dënschdeg de Moie kuerz viru siwen Auer krute sech dann op der A4 a Richtung Féiz een Auto an ee Moto ze paken. Eng Persoun ass dobäi blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vun Esch a vu Monnerech.