Coronavirus zu Lëtzebuerg2 weider Doudesaffer, vun 3.721 Tester waren der 1.405 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.010 klëmmt.
© RTL

Aktuell sinn 41 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 4 Patienten op der Intensivstatioun. E Mëttwoch goufen 173 Re-Infektioune festgestallt. Den Ament ginn et 12.975 aktiv Infektiounen, 183.716 Leit sinn nees gesond.

Am Ganze goufe bis ewell 1.271.889 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 195,06 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 231,35 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,20. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO