E Gaardenhaischen mat Handwierksgeschier200.000 € fir Iddien, déi d'sharing economy promouvéieren

RTL Lëtzebuerg
E Gaardenhaischen mat Handwierksgeschier fir e ganze Quartier amplaz, dass all Bierger seng eege Buermaschinn besëtzt.

Nëmmen eng Iddi fir déi sougenannte “sharing economy” am Land ze promouvéieren. De Wirtschaftsministère sicht no Projete fir ëffentlechen Plazen, wou Equipement ka gedeelt ginn. Dat am Zeeche vun der ekologescher Transitioun.
D’Iddien, déi zeréckbehale ginn, gi mat engem Montant vun 200.000 Euro kofinanzéiert. Virun allem fir d’Ufanksphas ze iwwerstoen, déi bei sou engem Projet méiglecherweis net ganz rentabel ass, esou de Wirtschaftsministère.
Bis de 16. Juni mussen d’Propositiounen agereecht ginn. De cahier des charges an de Formulaire fënnt een um Site vum Ministère.

Back to Top
CIM LOGO