D’E-Santé bitt ënner anerem de Payement immédiat direct (PID) an de Remboursement accéléré (RA) un. Antëscht géinge bei dëse Systemer 500 Dokter matmaachen, betount den Ian Tewes, Direkter vun E-Santé. Patiente mussen doduerch net méi Sue virzestrecken, mee just nach hier Part bezuelen. “E Professionellen, deen dëst wëllt benotzen, brauch awer e Konto”, ënnersträicht den Direkter.
All Softwarehiersteller, deen eng entspriechend Software bei engem Dokter installéiert, kritt eng Subventioun vu 625 Euro pro Dokter, wann dëse se notzt. Am Pool vu Professionellen am Gesondheetsberäich wier awer nach Potential do, fir de Service unzebidden. De Marc Hostert, President vun E-Santé, nennt hei de Chiffer vun 3.000 Dokteren, woubäi een awer misst consideréieren, dass eng ganz Rei an de Klinicke géing schaffen.
E Méindeg ass dann och d’Nouvelle komm, dass d’CNS an d’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokter (AMMD) no jorelaangem Sträit en Accord fonnt hätten, wat d’Offer vun enger Gesondheetsapp ugeet. Wien gehofft hat an der Agence, déi d’Digitaliséierung am Gesondheetssecteur soll virun dréiwen, méi Detailer gewuer ze ginn, gouf enttäuscht. Bei Froe soll een sech un d’Gesondheetskeess (CNS) riichten.
Nieft den 200.000 Privatleit, déi e Konto bei E-Santé hunn, ass dat och fir 2.700 Professioneller de Fall. Duerch de Konto kënne Patienten och aktiv op hiren elektronesche Patientendossier (Dossier de soins partagé/ DSP) zréckgräifen.
De Chiffer vun den Notzer hätt sech zanter dem Summer bal verduebelt, erkläert den Ian Tewes. Dëst, wëll ëmmer méi Doktere géingen op d’Imagerie médicale zréckgräifen, déi net méi op der CD gespäichert ginn, mee am Dossier. Doriwwer eraus géinge vill Pediater den DSP notzen, fir déi elektronesch Impfkaart. An engem Joer konnt eng Augmentatioun vu 27.000 op 46.000 Carnete festgestallt ginn. Et geet ee vun enger weiderer Augmentatioun aus, wann d’Spideeler wéilten Accès kréien.
1,2 Milliounen elektronesch Patientendossiere ginn et hei am Land. Méi wéi Awunner. Dat wëll och d’Frontaliere bei der CNS verséchert sinn. Iwwer 13 Milliounen Dokumenter sinn den Ament an den digitalen Dossier ze fannen. 35 Prozent vun den Dossiere wieren awer eidel. “Et sinn der vill eidel, well d’Leit net krank sinn. Den DSP ass fir jiddereen, mee haaptsächlech interessant fir Leit déi krank sinn”, betount den Ian Tewes.
Jiddereen huet iwweregens esou en elektronesche Patientendossier. Net jiddereen huet awer Zougrëff drop, wëll een dësen dofir muss fir d’éischt aktivéieren. Wie keen Dossier wëllt hunn, muss dësen desaktivéiere loossen. Dat hu bis elo 0,18 Prozent vun de Leit gemaach.
Wien awer Zougrëff wëll, muss fir d’éischt e Konto aktivéieren a sech dofir am Beschten un den Helpdesk vun der E-Santé riichten.