
Gouf et déi Joren hei zu Lëtzebuerg méi Selbstmord-Fäll wéi soss? Dat wollt d' CSV-Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch an enger parlamentarescher Demande un de Gesondheetsminister Etienne Schneider wëssen. Eng Hausse kéint ee net feststellen, mengt de Minister a senger Äntwert, au contraire d'Tendenz weist no ënnen.
Déi lescht Statistike vun 2016 weisen, dass virun 3 Joer 45 Leit sech ëmbruecht hunn. An deene Fäll war de Suicide eendeiteg nozeweisen. Bei weidere 16 Fäll kéint et sech ëm Selbstmord handelen. Am Verglach mat de Jore virdrunner, ass dëst eng Baisse, well deemools tëscht 64 an 90 Leit sech d'Liewe geholl hunn. Den Dokter Fränz D'Onghia, vun der Suicidepreventioun wëll awer sengersäits net vun enger definitiver Baisse schwätzen: "Dat heescht mir hunn u sech gutt Zuele fir 2016. Mä et muss een awer virsiichteg sinn an dat ass wichteg, et muss ee virsiichteg sinn, et ass ee Joer elo. Dat fluktuéiert hei zu Lëtzebuerg relativ vill. Mir mussen elo 2017 ofwaarden, 2018 eventuell. An wann et do och tendenziell erof geet, da kënne mer soen, dass d'Zuelen éischter gutt sinn."
E weidere Punkt, deen d'Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch an hirer parlamentarescher Fro opgeworf huet, war d'Heefegkeet vu Suiciden jee nodeem, wéi eng Generatioune betraff sinn. De Minister äntwert dorobber, datt et bei de jonke Leit ze grouss Fluktuatioune géif ginn, fir hei eng eendeiteg Tendenz erauszefannen. 2016 haten sech zwou Persounen, déi tëscht 20 a 29 Joer al waren, ëmbruecht. Déi zwee Joer virdrunner waren et jeeweils 7 pro Joer. Dozou mengt de Fränz D'Onghia: "Am Allgemenge kann een awer feststellen, dass de Suicide net wierklech heefeg ass bei Jonken ënnert 25 Joer. Mä virun allem heefeg ass bei Leit iwwer 75 Joer. Et sinn d'Senioren déi vill méi ufälleg sinn, wei déi Jonk. Et gi 5 Suicidë pro 100.000 Awunner bei de 15 bis 19 Järegen, a bei den 80 bis 84 Järegen do ginn et bal 32 Suicide pro 100.000 Awunner an der Alterskategorie."
Dës Zuele vun 2000 bis 2016 weisen, dass d'Gefor bei de Seniore 5 bis 6 mol méi héich ass, wéi bei de Jonken ënner 20 Joer. Trotzdeem bleift d'Problematik bei de jonke Leit immens héich, och wa se sech net ëmbréngen, hu vill déi Gedanken: "Bei de Jonke gëtt et awer och ganz vill Suicide-Gedanken. Dat heescht ganz vill Jonker, déi hunn Suicide Denken, wou een och eppes ënnerhuele muss. An et ginn och am jonken Alter méi tentativ Suicidë, wéi am méi héijen Alter."
2015 huet d'LIGUE en neie „Plan national de prévention du suicide“ lancéiert, deen aus 33 Aktivitéite besteet, déi haaptsächlech op d'Suicidepreventioun setzen. Dozou gehéieren zum Beispill en Éischt-Hëllef-Cours fir psychesch Problemer, Betreiung vu Leit, déi duerch e Suicideversuch an d'Spidol koumen oder e Guide fir d'Schoulen, deen de Schüler an Enseignanten erkläert, wéi ee mat deem Thema soll ëmgoen: "De Plang ass Juli 2015 vum Conseil de Gouvernement approuvéiert ginn. An déi lescht Zuelen déi mer hunn si vun 2016. Dat heescht mir hunn nach net ganz vill Recul, fir wierklech ze soen, de Plang hätt eppes bruecht. D'Zuele vun 2016 sinn éischter gutt, ech hoffen déi vun 2017 sinn et och, an déi vun 2018. Wann dat de Fall ass, da kenne mer wierklech soen, de Plang gräift, de Plang huet eng positiv Wierkung op d'Zuelen."
Am Fall wou dir selwer, oder een deen dir kennt, Suicidegedanken huet, fann dir Hëllef bei Prévention Suicide, bei der SOS Détresse (45 45 45) oder beim Kanner a Jugendtelefon (116 111).