Société Nationale des Habitations à Bon Marché2018: 300 Wunnengen an de Bau bruecht, 100 fäerdeggestallt

Maxime Gillen
Dat gouf e Mëttwoch de Moie bei der Presentatioun vum Bilan 2018 vun der Société Nationale des Habitations à Bon Marché, kuerz SNHBM, annoncéiert.
SNHBM: 300 Wunnengen an de Bau bruecht, 100 fäerdeggestallt
Dat gouf e Mëttwoch de Moie bei der Presentatioun vum Bilan 2018 vun der Société Nationale des Habitations à Bon Marché, kuerz SNHBM, annoncéiert.

Si gëtt méi gebraucht wéi jee: d'Société Nationale des Habitations à Bon Marché, kuerz SNHBM. Bei engem Immobiliëmarché, op deem d'Präisser bis an d'Onendlecht klammen, klëmmt och d'Demande fir bezuelbare Wunnraum. A genau dee schaaft d'SNHBM elo schonn zanter 100 Joer. E Mëttwoch gouf de Bilan vum leschte Joer gemaach an e Bléck op de Projet vun den nächste Jore geheit.

Si hate sech d'Zil gesat, all Joer 250 nei Wunnengen an de Bau ze bréngen. 2018 gouf deen Objektiv schonn déi zweete Kéier iwwertraff. Iwwert d'Joer gouf op 16 Sitten u méi wéi 800 Wunnengen an Haiser geschafft. Eppes méi wéi 100 dovu goufen och fäerdeggestalt.

"2018 war definitiv fir d'SNHBM e Rekordjoer. Mir hunn 300 nei Wunnengen ugefaange mat bauen. Sou vill hate mir der nach ni. Dat ass eng impressionnant Zuel, wou ganz vill Aarbecht derhannert stécht. Mat all eisen neie Mataarbechter och probéiere mir wierklech, all déi Ziler ëmzesetzen an dat war wierklech e supert Joer." ënnersträicht den Direkter vun der SNHBM, de Guy Entringer.

Ma bezuelbar eleng geet, wéi et schéngt, net méi duer. Et wëll een innovativ an nohalteg bauen. Esou ass och de Projet "Elmen" entstanen, wou d'Stroosse mat engem zentrale Parkhaus sollen autofräi bleiwen an d'Haiser aus Holz gebaut ginn.

"Dat ass menger Meenung no wierklech de Projet vun der Zukunft. Mir sinn am gaangen, d'Stroossen ze bauen. Dat ass enorm, wann een dat "sur site" gesäit. Déi éischt Maisons-témoins sinn am gaangen. D'Holz gëtt grad zesummegebaut. Mir hoffen, dass dat e Projet ass, deen d'Situatioun zu Lëtzebuerg wäert änneren. Fréier si mir dacks an d'Ausland gefuer, fir esou Projeten ze kucken. Haut denke mir, dass vläicht Leit herno bei eis kommen. D'Leit mussen dat natierlech och unhalen. An dat wäerte mir gesinn am nächste Joer, wann d'Vente ugeet, wéi dat bei de Clienten ukënnt.", erkläert de Guy Entringer.

Alles an Allem ginn hei op 27 Hektar dräi Dierfer mat 750 Wunnenge gebaut. Ma wuel déi gréissten Challenge besteet doran, Handwierker a Baufirmaen ze fannen, déi all déi Projeten ëmsetzen.

"Et gëtt bei verschidde Corps-de-métieren ëmmer méi en Challenge. Ech mengen, dass de Marché de Moment wierklech gesättegt ass. An et ass wierklech schwéier, eis Kapassitéiten do nach an d'Luucht ze féieren. Ech mengen, dass d'Ekonomie fir d'éischt muss nokommen."

Bis ewell gouf de Gros vun de Wunnenge verkaaft. Ma elo wëll d'SNHBM och Wunnengen zu bezuelbare Präisser verlounen. Dës Offer léich iwwert dem Logement social, ma ëmmer nach e gutt Stéck ënnert dem fräie Marché.

Nodeems bannent kuerzer Zäit eng ganz Partie Leit rekrutéiert goufen an d'Zuel vun de Projeten esou staark geklommen ass, wéilt ee sech an den nächste Joren emol consolidéieren, esou de Guy Entringer weider. Et wéilt een a klenge Schrëtt viru goen. An dobäi misst all eenzele wuel iwwerluecht sinn.

Back to Top
CIM LOGO