Den Trend ass zwar positiv: ëmmer méi Länner schafen d'Doudesstrof of. Ma a ville Länner ass dat nach net geschitt.
An 106 Staate gëtt et se net méi, a 56 Länner steet se nach an der Gesetzgebung, gëtt awer net oder bal net applizéiert.
Et muss een den Ënnerscheed maachen tëscht Legislatioun, Doudesuerteeler an tatsächleche Vollstreckungen. "D'lescht Joer hunn 20 Länner d'Strof vollstreckt" seet de President vun Amnesty Lëtzebuerg, David Pereira, fir deen et natierlech 20 Länner ze vill sinn, och wann d'Zuelen an déi richteg Richtung géinge weisen: "2017 waren et 993 Leit déi higeriicht goufen, d'lescht Joer waren et der knapp 700".
690 waren et der genee, woubäi dat just déi Zuele sinn, déi Amnesty zur Dispositioun gestallt krut. Eng Rei Staate maachen déi net Public: "Dat ass sécherlech Nordkorea a ganz bestëmmt China. Do ginn all Joer iwwer 1000 Leit exekutéiert, et hätt een déi Donnéeë kontrolléiere kënnen"
Donnéeën aus enger ganzer Rëtsch Länner kënnen awer net am Rapport berécksiichtegt ginn, well se net vun offizieller Säit matgedeelt goufen.
Et goufen zejoert also wahrscheinlech nach vill méi Exekutiounen ewéi déi offiziell 690 Fäll.
Da mécht och d'Evolutioun an Egypten der Hëllefs-Organisatioun Suergen: "Do goufen et d'lescht Joer iwwer 700 Condamnatiounen, dat ass e Plus vun 78%".
Och an den USA wier d'Zuel liicht eropgaangen. Wäissrussland ass dat eenzegt Land an Europa wou et d'Doudesstrof nach gëtt. Thailand huet iwwerdeems annoncéiert, datt se géing reaktivéiert ginn. Zejoert goufen et awer och Länner wou d'Hiriichtungen ofgeschaaft goufen: "Am Burkina Faso gouf se ofgeschaaft. A Malaysia a Gambia gouf et e Moratoire".
Amnesty International verweist op d'Mënscherechtsdeklaratioun a kämpft schonn zënter méi ewéi 40 Joer géint d'Doudesstrof, ënner anerem mat Campagnë fir bei de concernéierte Regierungen Drock ze maachen. U Lëtzebuerg an un d'Europäesch Unioun ass et den Appell, sech op internationalem Plang nach méi staark anzesetzen.
Am Grand-Duché gouf d'Doudesstrof iwwregens 1979 definitiv ofgeschaaft, déi lescht Hiriichtung war 1949.