ArcelorMittal2019 war kee gutt Joer fir de Stol-Produzent

RTL Lëtzebuerg
Alles an allem misst fir déi lescht 12 Méint e Minus vun 2,27 Milliarden Euro verbucht ginn, heescht et an engem Communiqué vun ArcelorMittal.
ArcelorMittal huet 2019 rout Zuele geschriwwen
Et war kee gutt Joer fir de Stolproduzent.

De Grond wieren eng schwaach Demande, Präisser déi ëmmer méi falen an héich Provisiounen. 2018 gouf et nach e Gewënn vu 4,63 Milliarden Euro.

Fir 2020 huet ArcelorMittal nei Aspuerungen annoncéiert, déi bis eng Milliard US-Dollar kéinte goen.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO