SES2020 war e staark Joer fir de Satellittebedreiwer zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Obwuel den Nettobenefice ëm méi wéi 47% erofgaangen ass, a sech just nach op 208 Milliounen Euro chiffréiert huet, wier 2020 e staarkt Joer gewiescht.
Trotz Kris - E staarkt Joer fir de Satellittebedreiwer SES
Obwuel den Nettobenefice ëm méi wéi 47% erofgaangen ass, a sech just nach op 208 Milliounen Euro chiffréiert huet, wier 2020 e staarkt Joer gewiescht.

Den Ëmsaz vum weltwäit gréisste Satellittebedreiwer mat Sëtz zu Lëtzebuerg louch d'lescht Joer bei 1,9 Milliarden. E Minus vu 5,4%. Dëst Joer stinn notamment d'Lancementer vun neie Satellitten um Programm. Eleng fir de Lancement vun zwee Satellitten an der zweeter Hallschent vum Joer sinn 740 Milliounen Dollar an de Commandëbicher virgesinn.

D'Segment "Networks" ass däitlech gewuess an de Satellittebedreiwer freet sech an Zukunft op nei Opträg. Donieft soll een neie Satellit dëst Joer lancéiert ginn. Dat geet aus dem Bilan vun 2020 ervir, deen d'SES den Donneschdeg de Mëtten presentéiert huet. Ënnert anerem hat d'SES an den USA zolidd an den 5G-Ausbau investéiert. "Mir als SES generéieren Recettë vu bis zu 4 Milliarden US-Dollar an deem Beräich, déi duerch de Fräischaltungsprozess verdéngt ginn. 2020 war e Joer, an deem dëse Projet wierklech virukomm ass."

Den Ëmsaz vum Segment "Video" hat 2020 nogelooss a louch bei 1,1 Milliarden Euro, also 8 Prozent méi déif ewéi d'Joer virdrun. Der SES no läit dat am Zesummenhang mat der Corona-Pandemie, well zejoert vill Sport- a weider Live-Evenementer annuléiert goufen.

Den Ëmsaz vum Segment "Networks" ass am drëtte Joer hannerteneen ëm 5,3 Prozent op 759 Milliounen Euro gewuess. Fir dëst Joer erwaart de Betrib een Ëmsaz vun 1,7 Milliarden Euro a lancéiert de Satellit "SES-17".

Donieft hat de Betrib zejoert Kontrakter mat Clienten am Wäert vun iwwer 1,3 Milliarden Euro ofgeschloss.

Back to Top
CIM LOGO