
Déi eege Sexualitéit ent-tabuiséieren. Iwwer verschidde Sujete wéi Genderstereotyppen, Pubertéit a Contraceptioun informéieren. Dat alles fält ënner de Begrëff vun der sexueller Erzéiung. Fir de Service vun der Education sexuelle et affective vum Planning Familial ass genee des Erzéiung wichteg, fir sech als Kand a Jugendlechen optimal ze entwéckelen. An d’Nofro ass grouss: 2021 goufen iwwer 8.000 Persoune vum Service betreit, Tendenz no uewen.
De gesamte Service hu et verschidden Aufgaben. Nieft Atelieren a Schoulen, Foyeren oder Maison relaisen, empfänken si Leit sur place fir individuell Rendezvousen.
Sexualitéit wier en existenziellt Bedierfnes, en zentrale Bestanddeel vun der Identitéit a vun der Entwécklung vun der Perséinlechkeet. Deementspriechend wichteg wier och d’sexuell Erzéiung.
Sandra Michely, Coordinatrice vum Service: “Kanner, déi eng Education sexuelle krute vu klengem Alter un, sinn doduerch bestäerkt, dass se kënnen an tëschemënschleche Bezéiunge verschidden Decisiounen treffen, staark sinn. Och am Allgemenge si si méi protegéiert géint Iwwergrëffer. Si kënnen den Ënnerscheed maachen tëscht wat ass richteg, wat ass ok, a wat net.”
Kanner a Jugendlecher, déi schonn am fréien Alter sensibiliséiert gi sinn, géingen hir éischte Kéier vill méi spéit erliewen a wiere méi informéiert iwwer Contraceptioun a Geschlechtskrankheeten.
Natierlech missten d’Coursen an d’Entrevuen altersgerecht ofgehale ginn.
Sandra Michely: “Wat heescht sexuell Erzéiung am Cycle 2 an 3? Do geet et vill ëm Diversitéit, ëm Genderstereotyppen. Iwwer Emotiounen, Gefiller ausdrécken, léiere jo ze soen an awer och kloer nee ze soen, seng Limitte setzen a säin eegene Kierper respektéieren. Zil vun deenen Aktivitéiten ass, dass mer d’Kanner staark maachen.”
Am Cycle 4 ginn dann och d’Pubertéit an d’Changementer vum Kierper thematiséiert. Wann et dann an de Lycée geet, komme weider Sujeten derbäi, wéi den éischte Rendezvous beim Gynekolog fir jonk Fraen.
De Service vum Planning Familial huet och verschidde Projete lancéiert. Een dovunner heescht “Hues de Froen”.
Sandra Michely:“Mir hunn e Plakat entworf mat eiser E-Mail-Adress an eben och en Instagram Account opgemaach fir wärend der Pandemie, wärend dem Confinement nach accessibel ze si fir déi Jonk. Well vu Mäerz bis Oktober ware mer quasi net um Terrain, mir hate keng Aktivitéiten. A mir wollten sou deene Jonken, d’Méiglechkeete loossen hir Froe kënnen ze stellen, sech kënnen un ee Professionellen ze wenden.”
En entspriechende Guide fir Elteren, deen déi heefegste Froe vun de Jonken opgräift a beäntwert, gouf och entwéckelt. E weidere Projet, deen den Ament nach leeft, dréit sech ëm de Consentement. Dem Planning Familial no hätte ganzer 10% vun de Jonker sech wärend hirer éischter Bezéiung zu sexuellen Aktioune gezwonge gefillt. Kanner a Jugendlecher solle Schratt fir Schratt léieren, wéi een säi Wëllen ausdrécke kann. Heifir ginn och Kondomer a Flyere verdeelt mat engem kloren Message: Neen ass Neen.