
D’Luxair huet sech eegenen Aussoen no gutt vun den Auswierkunge vun der Corona-Pandemie erholl. Zejoert huet déi Lëtzebuerger Airline eng éischte Kéier zanter eng ganzer Rei Joren erëm e Benefice vun annerhallwer Millioun Euro gemaach. Dat Joer virdrun huet d’Fluchgesellschaft nach eng Perte vu méi wéi 30 Milliounen Euro notéiert.
Trotz der Reprise mat zejoert ronn 2 Millioune Passagéier (1,2 Millioune bei der Airline, 850.000 bei Luxair Tours) u Bord geet d’Luxair awer virsiichteg an dëst an déi nächst Joren eran: sou wëll een net bei den aktuellen 90 Destinatioune stoe bleiwen an de Portfolio vun der Airline permanent weider entwéckelen.
Sou gëtt och d’Flott weider erneiert a moderniséiert: bis 2026 sollen zwou weider nei Boeingen 737-8 geliwwert ginn, antëscht ginn zwee Fliger vum selwechte Modell geleast, déi mat Luxair-Equipagë fléien. Alles an allem huet d’Luxair véier nei Fligere bei Boeing bestallt.
LuxairTours huet zejoert och positiv Chiffere geschriwwen an 850.000 Clientë gezielt. Ziler mam meeschte Succès sinn d’Kanaren, Spuenien, Tunesien a Portugal.