Um operativen Niveau wär et allerdéngs wéinst dem Ukrain-Krich an de Covid-Restriktiounen a China e ganz komplizéiert Joer gewiescht. D’Maschinne vun der Cargolux mussen fir den Aller-Retour an Asien de russesche Loftraum ëmfléien. Dat an déi héich Energiepräisser, hunn d’Käschten an d’Luucht gedriwwen.
Virun allem déi éischt 7 Méint vun 2022 wär d’Demande no Transportflich extrem héich gewiescht an d’Capacitéiten vun den Airlines um weltwäite Marché ware saturéiert. Deemno konnten héich Präisser gefrot ginn. Zanter August wär d’Demande awer däitlech erofgaangen. Fir 2023 erwaart d’Cargo-Airline sech manner héich Gewënner.
Fir d’Direktioun sinn d’Verhandlungen iwwer en neie Kollektivvertrag bei der Cargolux ganz am Ufank. Dat well d’Gewerkschafte ganz héich Fuerderunge géife stellen. D’Direktioun huet an deem Kontext drop higewisen, dass déi ganz Beleegschaft déi lescht puer Joren aussergewéinlech héich Bonussen ausbezuelt krut. Onofhängeg vum Salaire hätt all Salarié dee selwechte Montant kritt. Och dat misst ee bedenken, esou den Direkter Richard Forson.
A Saachen Homeoffice sinn Direktioun an Personaldelegatioun sech och net eens. D’Personal, dat am Ausland schafft, huet e Recht op 2 Deeg Teletravail pro Woch. Déi ronn 1.890 Leit, déi zu Lëtzebuerg fir d’Cargolux schaffen, hunn deen Droit net. Der Direktioun no just well d’Gewerkschaften net averstane gewiescht wären, dass d’Leit bei akutem Besoin aus dem Teletravail op de Büro kënne geruff ginn. Dat war fir d’Direktioun vun der Airline eng rout Linn.
D‘Aviatioun deet sech wéinst dem aktuelle Manktem un technologeschen Alternativen nach ganz schwéier mat der Dekarboniséierung, erkläert de Cargolux-CFO Maxim Straus.
“Déi Motoren wéi et se den Ament gëtt a mat der Technologie ass et déi eenzeg Méiglechkeet, biologesche Sprit ze kafen. Mat deem kënne mir d‘CO2-Emissiounen am ganze Zyklus vun der Produktioun vun deem Bensinn tëscht 80 an 90 Prozent erofsetzen. 2025 fänkt et un: wa mir hei um Fluchhafen op Tankstell ginn, da sinn dat 2 Prozent biologesche Sprit. Dat geet da mat der Zäit erop bis 80 Prozent 2050. Sou leeschte mir eise Bäitrag.”
Fir den neien President vum Verwaltungsrot Tom Weisgerber war et déi éischt Bilanspressekonferenz. Den ieweschte Beroder am Mobilitéitsministere hat dat Amt vun der Christiane Wickler iwwerholl, déi rezent no nëmmen zwee Joer als Presidentin vun der Cargolux demissionéiert hat. Den Tom Weisgerber selwer hat d’Presidence vum Lux-Airport um Findel d’lescht Woch ofginn. D’Cargolux wär senger Meenung no extrem gutt positionéiert fir d’Erausfuerderungen dëst Joer ze meeschteren.