Dat sot den neie President vun der Landwirtschaftskummer den Dënschdeg de Moie bei eis um Radio. De Guy Feyder fënnt, d’Regierung géing sech Ziler laanscht déi ekonomesch Realitéit setzen. Zum Beispill géife Bio-Produite just bei 1 % vun de Konsumente gefrot ginn. Ass dat wierklech esou? Wéi grouss ass mëttlerweil d'Nofro no Bio a mat wéi enge Schwieregkeete sinn déi traditionell Betriber confrontéiert, fir ëmzestellen, wa se da wéilten. De Jeannot Ries huet nogefrot.
Eng Europäesch Etüde vum "Bund Ökologische Lebensmittel Wirtschaft" hält fest: de Maartundeel u Bio-Produkter, déi zu Lëtzebuerg kaf goufen, louch 2017 bei 7%. Iwwerdeems louch hei am Land d'Produktioun bei just 4,2% vum Konsum.

Sou wäit fir d'offiziell Zuelen. Wat elo den Objektiv ubelaangt, deen d'Regierung sech fir 2025 gesat huet, sou schéngt deen effektiv héich gegraff. Och den Änder Schanck, dee virun ronn 30 Joer d'Lëtzebuerger BIOG-Genossenschaft matgegrënnt huet, ass do éischter skeptesch. Et géing ambitiéis kléngen, ma hien ass der Meenung, dass 15% amplaz vun 20 och schonns ganz gutt wieren.
Wou läit de Problem? Jo, et gëtt en Intressi, hei zu Lëtzebuerg eng breet Palett u Bio-Produkter unzebidden. Statistesch gesinn, ginn d'Leit hei am Land 207 Euro d'Joer fir Bio-Produkter aus. Dat ass am Europäesche Verglach scho vill Geld, mä Lëtzebuerg ass virop e klenge Maart. A fir an de Grousshandel eranzekommen, mussen d'Produkter fäerdeg verschafft sinn.

Zanter 2016 verschafft BIOG Mëllech an enger eegener Molkerei. Weider Produkter koumen mat der Zäit derbäi. Vu Kéis bis Glace. E Projet, bei deem déi Responsabel awer och séier d'Limitten erkannt hunn.
En Export, deen nees, bedéngt duerch nationalistescht Denken, komplizéiert gëtt. Well Frankräich just nach franséisch, d'Belsch just nach belsch Bio-Mëllech op hire respektive Maart brénge wëllen.
Fazit: Et géif net duergoen, de Bauer ze motivéieren, op Bio-Fleesch oder Bio-Mëllech-Produktioun ëmzesetzen. De selwechte Bauer wier duerno och op e Reseau ugewisen, fir seng Produkter ze verschaffen an ze vermaarten. Soss ass de Bauer verluer, sou den Änder Schanck. De Wee, bis op 20% Bio-Landwirtschaft zu Lëtzebuerg kéint deemno där méi laanger ee ginn.