
An deem Kontext huet déi däitsch Police elo een Zeienopruff lancéiert. Den 21 Joer ale Mann stoung den 8. Mäerz 2019 um Quai 3/4 Nord, ewéi den IC 2026 vu Mainz Richtung Koblenz stoebliwwen ass. Do ass e Lëtzebuerger du vun Onbekannten attackéiert ginn. De Lëtzebuerger huet dunn engem vun den Ugräifer duerch ee Schlag an d'Gesiicht d'Nues gebrach. Am weidere Verlaf gouf hie vun den 10 bis 12 Persoune ugespaut, beleidegt a menacéiert. Dono krut hie vun enger männlecher Persoun eng Fauscht widder de Kapp.
D'Police vun Tréier huet eng Enquête lancéiert a sicht no Zeien. Wien Informatiounen huet iwwer de Virfall huet, soll sech bei der Police vun Tréier ënnert der Nummer 0049-651 - 43678-0 oder der gratis Service-Nummer 0049-800 - 6 888 000 mellen.