21 Leit sinn den Ament hei am Land a Quarantaine. Lëtzebuerg hält sech strikt un d'Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Aktuell géif een infizéiert Persounen isoléieren – bis ewell ass dat een eenzege Patient.
Ofsoe vu grousse Manifestatiounen ass den Ament net geplangt.
Organisateure kéinte sech un d'Direktioun vun der Santé adresséieren. Bis ewell goufen am Ganzen eng 50 bis 60 Leit op de Coronavirus getest. D'Inspection sanitaire geet bei d'Leit heem, fir ze testen.
LINK: Coronavirus - All Informatiounen um Internetsite vum GouvernementLeit, déi de Verdacht hunn, datt se sech mam Coronavirus ugestach hunn, sollen net bei de Generalist oder an eng Urgence goen. Si solle sech bei der Inspection sanitaire 24 78 56 50 oder der spezieller Hotline 8002 - 8080 mellen.
D’Regierung huet déi richteg Approche, sot de Marc Baum vun déi Lénk um Dënschdeg de Moien no der Santé-Chamberkommissioun. Déi zoustänneg Ministesch Paulette Lenert war heihinner invitéiert ginn, fir den Deputéierten op d’Froen iwwert de Coronavirus an deem seng Verbreedung z'äntweren. D’Regierung géif Panik evitéieren. An déi richteg Mesuren huelen, huet den Deputéierte vun déi Lénk gemengt.
Eppes, wat den CSV-Deputéierten Jean-Marie Halsdorf net grad esou gesäit. Et géif ee sech bei de Consignen, wéi ee sech ze verhalen huet, un Däitschland orientéieren. Firwat net u Frankräich freet sech den CSV Parlamentarier.
"Grad esou kloer Consignë musse kommen, fir déi grouss Manifestatiounen. D’Fransousen hu gesot, wann et méi wéi 5.000 Leit sinn, ginn déi Saachen ofgesot. Wéi ass dat hei zu Lëtzebuerg? Iwwerhaapt ass eng gewëssen Konfusioun, well mir eis un déi däitsch halen an net déi franséisch Consignen."
Et géif ee sech zu Lëtzebuerg un den europäesche Partner orientéieren, äntwert heirobber d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Frankräich géif bei de Consignen een Alleingang maachen, zum Beispill wat d’Masken ugeet. Mä eben och wat d’Ofsoe vu groussen Evenementer. Do wéilt een hei zu Lëtzebuerg am Plaz eng quantitativ Approche ze huelen, léiwer op aner Critèrë setzen.
"Et muss ee genau kucken: ass et Evenement, dee wierklech vill Leit aus de Risikogebidder wäert mobiliséieren. Sinn et vill Leit aus dem Ausland, déi wäerte kommen? Wéi ass d’Populatioun vun heiheem, ass dat vläicht eng Populatioun vulnerabel. Et ass méi villschichteg. An där Hisiicht sinn d’Richtlinne vum Robert Koch Institut manner plakativ an einfach."

A getest gëtt déi Persoun, déi aus Risikoregioune kënnt a Symptomer opweist. Net nëmme wa just eng Konditioun erfëllt ass. Donieft wier een am permanente Kontakt mat den ënnerschiddlechsten Acteuren. Vun der UEL, fir ze wëssen, wat d’Betriber brauchen, iwwert d’Sozial Reseauen, fir un d’Bierger ze kommen bis bei d’Dokteren.
"An enger éischter Phas hu mir eis op d’Gemengen an d’Educatioun fokusséiert. An e Mëttwoch wäert och erëm eng Reunioun si mat den Dokteren, fir een Update ze maachen. Wat ass de Besoin un Informatiounen, fir datt mir do kënne norëschten"
A Propos Dokteren, a Medikamenter am Generellen. D’Ausbreede vum Coronavirus hätt eng aner geféierlech Entwécklung gewisen, meng de Marc Baum vun déi Lénk:
"Esou eppes Iwwerliewenswichteges wéi déi ganz Medikamenteschaîne, datt déi komplett ausserhalb vun Europa stattfënnt an d’Produktiounsprozesser ausserhalb vun Europa stattfënnt, ass eng Entwécklung, déi ganz geféierlech ass. Och fir d’Zukunft. An déi een onbedéngt erëm misst réckgängeg maachen, datt déi grouss europäesch Pharmakonzerner net nëmmen a China an an Indien produzéieren."
Wou duerch d’Infektiounen d’Industrië Brooch leien.
D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet den Deputéierten um Dënschdeg de Moien dann och erkläert, datt op der Hotline, déi extra am Kader vum Coronavirus an d’Liewe geruff gouf, eleng gëschter 130 bis 140 Persounen ugeruff hunn, fir Informatiounen ze kréien.