Déi 4 Associatioune vu „Caritas Lëtzebuerg“ hunn de Rapport fir d'Joer 2018 presentéiert.
Et géing ee sech ëm d'Mënsche këmmeren deenen et net esou gutt geet, et wier vill geschafft ginn, ma grouss Defie géife bleiwen. D'Caritas seet Merci, ënner anerem den Donateuren an de Benevollen.
"Ech wousst natierlech virdrun, datt et zu Lëtzebuerg vill Leit gëtt, déi et net sou gutt hunn ewéi ech. Mä et ass dann awer eppes ganz anescht fir deene Leit vis-à-vis ze stoen an ze gesinn, wéi se all Cent mussen zweemol ëmdréie fir sech nëmmen dat Allernéidegst ze kafen." Esou d'Cécile Bellot, si ass eng vun de 657 Fräiwëllegen a schafft an enger vun den Épiceries sociales.
An dëse 4 Butteker am Land kéimen ëmmer méi Leit déi Hëllef bräichten. Si kréien d'Méiglechkeet, fir zu méi gënschtegen Tariffer anzekafen.
D'Irène Jamsek: "Et si Produiten ewéi Nuddelen, Räis, Kaffi, Zocker oder Gebeess, awer och Entretiens-produiten ewéi Wäschpolver, Shampoing oder Seef."
D'Presidentin Marie-Josée Jacobs verweist bei der Geleeënheet vum Bilan op en nach ganz neien Zerwiss: "Dat ass d'Tente de nuit, en Zerwiss deen d'ganzt Joer op ass. Do stinn 10 Plazen disponibel fir Mënschen deenen hire gesondheetlechen a mentalen Zoustand ganz prekär ass an déi net wëllen oder net kënne mat anere Leit an engem Foyer zesumme sinn."
An e sëllechen Domänen ass d'Caritas aktiv, ënner anerem am Logement. 2700 Leit kruten zejoert do eng Hëllef.
Op nationalem Plang bleift dee Logement, deen ëmmer méi deier gëtt ee vun de ganz groussen Defien, eng Evolutioun déi d'Leit déi net vill hu besonnesch haart trëfft.
Da gëtt et natierlech déi international Aktivitéite vun der Caritas: "D'lescht Joer kruten 100.000 Leit a 17 Länner mat méi ewéi 12,6 Milliounen € vu Caritas Lëtzebuerg gehollef"
Ouni d'Finanzen an ouni d'Done geet et net. D'Fondatioun hätt zejoert gutt 2,6 Milliounen € kënne sammelen.
Och elo dëst Joer hofft een op eng gutt Collecte. De ganze Rapport gëtt et op caritas.lu.