
E Méindeg huet d'Bundespolizei vun Tréier een 23 Joer ale Lëtzebuerger op der Grenz zu Waasserbëlleg un d'Lëtzebuerger Autoritéiten ausgeliwwert.
De Mann war zu Saarbrécken vum Landgericht wéinst Drogendelikter an dem Besëtz vun enger Waff zu enger Prisongsstrof vun 3 Joer a 6 Méint verurteelt ginn. Den éischten Deel vu senger Strof huet hien an der JVA Saarbrécken ofgesiess. De Rescht däerf hien zu Lëtzebuerg am Prisong ofsëtzen.