Parquet huet Autopsie ugefrot24 Joer ale Prisonéier dout am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique fonnt

Samantha Weber
E Mëttwoch de Moie gouf e 24 Joer ale Prisonéier dout am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique fonnt.
De Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique
© RTL Archiv

De Parquet mellt den Doud vun engem Detenu am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP). Deemno wier e 24 Joer ale Prisonéier e Mëttwoch de Moie géint 6 Auer dout am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique fonnt ginn.

Den 11. September dëst Joer wier d'Persoun eréischt vum Centre pénitentiaire de Luxembourg an den CHNP verluecht ginn.

De Parquet vun Dikrech gouf informéiert an et gouf eng Autopsie ordonéiert.

Schreiwes vum Parquet

Back to Top
CIM LOGO