E Freideg de Mëtteg huet de Weibëschof Leo Wagener zu Bouneweg an der Kierch un déi Verstuerwe geduecht. An de Bänke souzen och eng Partie Leit, déi keen ni Dag iwwert dem Kapp hunn, fir hire Frënn Äddi ze soen.
All Joer stierwen eng Partie Leit ouni Dag iwwert dem Kapp dobaussen. Déi lescht 12 Méint waren et ganzer 24 Persounen. Dat sinn der e puer méi, wei dat déi lescht Joren de Fall war. Ob Keelt oder Krankheet, et ginn e puer Grënn fir déi héich Zuel, seet d'Jil Linster Besch, Benevole vun der Sozialekipp Porhaus Bouneweg.
Do sinn der einfach ganz vill, déi no an no krank ginn oder méi schwéier krank sinn an dann iergendwann eng Kéier hu se net méi Kraaft genuch. Dat ass fir mech ee vun den Haaptgrënn, firwat et der dann awer sou vill sinn. D’Witterungsverhältnisser sinn awer net immens.
Op der Gedenkfeier gouf fir all Verstuerwenen eng Käerz ugefaange an et gouf mat Lidder zesummen un se erënnert, erkläert de Leo Wagener.
Ech mengen, et ass grad den Aspekt vum Gedenken un ee Verstuerwenen, well soss kënne se och vill zesumme sinn. Do ass ganz vill geschitt, wou Raim geschaaft ginn. Awer et ass schonn sou, dass een ëmmer rëm mierkt, dass se ganz déif Verbindunge mat deenen haten, déi gestuerwe sinn, Eenzeler. An dass se déi net einfach wëlle verflaache loossen, dat ass hiert Recht. Se hunn e Recht ze traueren, se hunn e Recht och a Verbindung ze bleiwen duerch esou Féieren, wei all déi aner och.
Och huet de Weibëschof dozou opgeruff, waarm Kleedung a Jacketten ze spenden, fir dass och d'Léit op der Strooss et béi dëse Minusgraden e bësse méi waarm hunn.
Trotz dem éischter traurege Kontext, war d'Stëmmung awer relativ positiv. No der Mass kruten d’Sans-Abrien e waarme Kaffi oder Téi sou wéi en Eisekuch ugebueden a konnte sech austauschen. Natierlech alles ënnert dem Anhale vun de Restriktiounen.
