Staatsrot25 Avise goufen et zu verschiddenen Gesetzesprojeten

Roy Grotz
Ënnert anerem Avisen vun Texter iwwert de Staatsbudget oder atomar Accidenter stoungen um Ordre de Jour.

Net manner wéi 25 Avise goufen en Dënschdeg am Staatsrot evoquéiert, dorënner deen iwwert de Staatsbudget. Dëse Gesetzprojet kritt weider keng Objektioune vun der héijer Kierperschaft, ausser, datt de Conseil d'état zur Virsiicht oprifft, wat d'stännegt Klamme vun den Ausgabe vum Zentralstaat uginn, respektiv och wat d'Maîtrise vun der Staatsschold ugeet - dëst virum Hannergrond vu Wuesstems-Prognosen, déi no ënne revidéiert goufen.

Avise vum Staatsrot - Reportage Roy Grotz

En anere Gesetzprojet, deen op méi Kritike stéisst ass een, deen ewell virun 2 Joer vun der Ëmweltministesch deponéiert gouf - et geet em den Dedommagement am Fall vun engem atomaren Accident. Een Text, deen de Staatsrot mat enge ronn 10 formellen Oppositioune beluecht huet, sou dass hei muss nogeschafft ginn, wann d'Deputéiert de Remarke vum Staatsrot wëlle Rechnung droen.

Ëm wat geet et am Gesetzprojet: Basis fir den Text ass zum Deel d'éisträichesch Legislatioun, d'Atomhaftungsgesetz, un deem sech d'Auteuren orientéiert hunn - Genee wéi Éisträich , sinn och Irland an eben och Lëtzebuerg atomfräi Staaten - Länner och, déi zwou internationale Konventioune vu Paräis a Bréissel aus de 60ger Joren net bäigetruede sinn, wouranner et ëm d'zivil Responsabilitéit geet, wann et zu engem atomaren Accident kënnt.

Well d'Regierung der Meenung ass, datt d'Affer bei esou Accidenter schlecht Kaarten hunn, fir Entschiedegungen anzekloen, well dës Responsabilitéiten an de Länner leien, wou d'atomar Installatioune sinn, soll selwer legiferéiert ginn - een Text wéi gesot awer, deen dem Staatsrot déi ronn 10 Oppositions formelles wäert ass, virun allem wéinst den net-präzisen an ongeneeën Definitiounen, zum Beispill wat e Schued duerstellt, wat en nuklearen Accident ass, respektiv den Exploitant vun enger Anlag - alles dëst géif zu juristescher Onsécherheet féieren, sou de Gremium vum Bockfiels a sengem Avis.

Weider gëtt d'Fro an deem Avis opgeworf, ob d'Auteuren net sollen e Mechanissem vu Sammelkloen a Betruecht zéien, well jo domat sollen d'Interesse vun den Affer besser protegéiert ginn.

De Gesetzprojet, deen zesumme mam Justiz- a Gesondheetsministère geschriwwe gouf, sollt e Signal-Charakter hunn, well der grénger Ministesch Dieschbourg no d'Atomenergie nees géif banaliséiert an domat nees salonsfäeg ginn - dogéint wëll sech Lëtzebuerg mat sengem eegene Gesetz wieren. D'Gesetz soll zum Beispill och gräifen, wann et beim Transport vun atomarem Material zu engem Accident kënnt. Och gëllt eng Period vun 30 Joer nom Accident, bis zu där sech kënnen Affer manifestéieren, fir entschiedegt ze ginn.

Wéi gesot ass d'Gesetz am Fall vun engem atomaren Accident net an dréchenen Dicher. Den zum Deel negativen Avis vum Staatsrot muss an der zoustänneger Chamberkommissioun Rechnung gedroe ginn.

An enger éischter Reaktioun heescht et aus dem Ëmweltministère, dass de Staatsrot keng grondsätzlech Awänn géint de Prinzip vun engem nationalen Atomhaftungsgesetz huet an d'Regierung deemno weider kann an Zesummenaarbecht mat der Chamber un der Ëmsetzung vum Text schaffen. D'Gesetz wier e wichtege Bestanddeel vun eiser Anti-Atompolitik, well et de Risk vun Atomanlage kloer mécht. An dat wier eng vun de Prioritéiten, heescht et nach vu Säite vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

Back to Top
CIM LOGO