Boot ënnergaangen26 Pompjeeën am Asaz am Hafen zu Schwéidsbeng

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Mëtteg waren d'Pompjeeën am Fräizäithafen zu Schwéidsbeng am Asaz. Géint 16.20 ware se geruff ginn, well ee Boot am Gaang war, ënnerzegoen.
© CGDIS

D'Pompjeeë vu Réimech, vu Schengen an de Grupp, deen op d'Waasserrettung spezialiséiert ass, konnten d'Boot hiewen an eng Pollutioun verhënneren. Am Asaz ware 26 Pompjeeën, d'Waasserwirtschaftsamt an d'Police.

Back to Top
CIM LOGO