Delai de réponse eropgesat270 Leit waarden aktuell op “hir” Informatiounen aus dem Policefichier

Roy Grotz
Eng Zäit war et roueg ginn ëm déi sougenannt geheim Fichieren, d'Casiers bis also, déi op verschiddenen Niveaue bei Justiz a Police bestinn.
© RTL-Archiv

Dat wäert sech dës Woch änneren, wann nämlech souwuel e Mëttwoch wéi och en Donneschdeg d'Deputéiert an zwou verschiddene Kommissioune mat den zoustännege grénge Ministeren Tanson a Bausch iwwert dës Fichiere wäerte schwätzen. Rieds geet jo dann ënner anerem op Basis vum Avis vun der CNPD, wéi an Zukunft mat dëse Fichiere verfuer gëtt, wéi vill Fichieren et op wéi enge Niveaue ginn a wéi Demanden an d'Läsche vun Donnée traitéiert ginn.

Nodeem d'Debatt iwwert d'Police-Fichieren an der Press viru Méint lancéiert gi war, gouf et e reegelrechten "Rush" u Leit, déi gefrot hunn, fir den Accès zu den Informatiounen ze kréien, déi iwwert Si am Police-Fichier drastinn.

Net manner wéi 400 Leit hunn esou eng Demande gestallt, mä 50 dovunner waren net komplett, a konnten aus Grënn vum Dateschutz net traitéiert ginn, well an den eenzele Fäll keng Kopie vun der Carte d'Identité dobäi war.

Vun den 350 Demandë krute bis Ugangs November 80 Leit eng Äntwert, sou datt 270 Persounen nach ëmmer op den Abléck an hire Fichier musse waarden.

Wéinst dem Boom vun den Demandë gouf iwwerdeem den Delai de réponse vun 3 op 6 Méint eropgesat, äntwert de Minister fir bannenzegt Sécherheet François Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Sven Clement vun der Piratepartei.

Back to Top
CIM LOGO