2017 an 201828.000 Demandë bei der CNS, fir am Ausland behandelt ze ginn

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Joren 2017 an 2018 koumen zesumme ronn 28.000 Demandë bei der CNS eran, fir am Ausland behandelt ze ginn, ambulant oder stationär.

Vun deene goufen der ronn 22.000 accordéiert. Et gouf ronn 2.500 Refusen, woubäi ze bemierken ass, datt just komplett Dossiere konnten traitéiert ginn.

An enger Rei Fäll wier de Grond fir de Refus zum Beispill dee gewiescht, datt en Transfert an d'Ausland net néideg wier.
Recourse beim Conseil arbitral goufen et der bannent der genannter Zäit 15.

Dat alles äntwert de Sozialminister Romain Schneider op eng parlamentaresch Fro, déi d'CSV-Deputéiert Martine Hansen a Marc Spautz gestallt hunn.

PDF: Äntwert vum Romain Schneider op eng parlamentaresch Fro vum Martine Hansen a Marc Spautz

Back to Top
CIM LOGO