Zeremonie am nationale Rettungszenter29 nei Beruffspompjeeë si vereedegt ginn

RTL Lëtzebuerg
Vun Oktober u wäerten 29 nei Beruffspompjeeën am Land am Asaz sinn.

Si goufen de leschte Freideg an enger Zeremonie am nationale Rettungszenter an der Stad vereedegt, a Presenz vum Inneminister Leon Gloden a vum Finanzdirekter vum CGDIS, dem Claude Frantzen.

Vun den 29 neie Pompjeeë goufen der 20 fir den Déngscht am Cadre de base an néng fir den Déngscht am Cadre supérieur vereedegt.

Weider Informatioune fannt Dir am Schreiwes vum CGDIS

Back to Top
CIM LOGO