
Bal en Drëttel vun de Leit zu Lëtzebuerg sinn an de leschte 5 Joer Affer vu Gewalt ginn, dat mellt de Statec. D’Hallschent vun der Populatioun hätt an hirem Liewe schonn eng Kéier psychologesch Gewalt erlieft. Dës Form vu Gewalt ass domat déi, där déi meeschte Leit hei am Land ausgesat sinn.
Dozou gehéiert Stalking, moraleschen oder sexuellen Harcèlement, awer och psychologeschen Drock an der Koppel, wann ee Partner deen anere kontrolléiert. En Drëttel vun de Lëtzebuerger Awunner hunn an hirem Liewe scho kierperlech Gewalt erlieft a 17 Prozent goufen Affer vu sexueller Gewalt.
Bal eng Fra vu 5 huet sexuell Gewalt an hirem Liewen erlieft, all 6. Fra gouf Affer vu Vergewaltegung oder versichter Vergewaltegung, en däitlech méi héijen Taux, wéi bei de Männer. Bei der kierperlecher Gewalt si Fraen a Männer d’selwecht vill betraff.
Wéi de Statec schreift, hunn déi Leit, déi hei am Land gebuer sinn, éischter Tendenz ze mellen, wa se Gewalt erlieft hunn.