Vill Aarbecht am Virfeld29 Walbüroe ginn et zum Beispill eleng zu Diddeleng

Christophe Hochard
Si sinn an de Primärschoulen, am Altersheem, an der Maison relais um Strutzbierg an an der Gemeng vun der Forge du Sud installéiert.
© Christophe Hochard

Um Freidegnomëtten hunn d’Gemengeservicer mam Opbau vun de Walkabinnen an den eenzele Walbüroen ugefaangen. Och d’Walurne goufen op hir respektiv Plaz gestallt. Do virdrunner waren d’Portieren aus de Schoulen domadder beschäftegt, déi eenzel Klassesäll, déi als Walbüro ëmgebaut ginn, auszeraumen.

D’Botzpersonal huet do virdrunner déi respektiv Säll nach eemol duerchgekiert. 12 Mann Personal ware mat dësen Aarbechte beschäftegt, déi bis an de spéide Freidegowend gedauert hunn. Um Samschdegmoie steet de Finissage um Programm. An de 29 Walbüroe gëtt nach eemol alles kontrolléiert, op och alles op senger Plaz steet.

Back to Top
CIM LOGO