10.499 Persoune kruten 2022 d’Lëtzebuerger Nationalitéit3.275 Brasilianer goufe Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
Brasilien, Portugal a Frankräich, Persounen aus dëse Länner hu sech am meeschte fir de Lëtzebuerger Pass interesséiert.

2022 hunn 10.499 Leit d’Lëtzebuerger Nationalitéit kritt. Eng Persoun aus Ungarn wollt kee Lëtzebuerger Pass méi. Dat geet aus Zuelen ervir, déi de Justizministère dës Woch publizéiert huet.

Firwat ginn esou vill Brasilianer an Amerikaner Lëtzebuerger?

Am 19. Joerhonnert sinn eng rei Lëtzebuerger Famillje Richtung Brasilien an Amerika ausgewandert, nach haut liewen do vill Mënsche mat Lëtzebuerger Originnen. Iwwert de sougenannte Recouvrement kënne Leit déi noweise kënnen, datt se op den 1. Januar 1900 ee Virfare mat Lëtzebuerger Pass haten, selwer op der Gemeng an der Stad d’Nationalitéit ufroen. Duerch d’Corona-Restriktioune konnten 2021 manner Leit op Lëtzebuerg kommen an esou iwwert dee Wee d’Nationalitéit net ufroen.

Wie ka Lëtzebuerger ginn?

Et gëtt dräi Weeër Lëtzebuerger ze ginn. Iwwert d’Naturalisatioun, de Recouvrement oder iwwert Optioun.

Op Nofro krute mer am Justizministère gesot, datt fir jiddereen, dee Lëtzebuerger wëll ginn, déi nämmlecht Prozedure gëllen. Jiddereen hätt déi nämmlecht Rechter, onofhängeg vu sengen Originnen. Dat géif och erklären, datt 175 Russen e Lëtzebuerger Pass kruten.

An engem Schreiwes huet de Justizministère da matgedeelt, datt 5.193 Leit d’Lëtzebuerger Nationalitéit “par option” kritt hunn, 4.273 “par recouvrement” an 1.033 “par naturalisation”.

PDF: Déi komplett Zuelen am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO