Temoignage vun zwou Zäitzeien3.614 jonk Lëtzebuergerinne goufe vun den Nazien zwangsrekrutéiert

RTL Lëtzebuerg
De Weekend iwwer gëtt un d’Zwangsrekrutéierung, déi 1942 vun den Nazien ordonnéiert gouf, an deen domat verbonnene Generalstreik vu viru 77 Joer erënnert.
Zwangsrekrutéierung: Temoignage vun zwou Zäitzeien
De Weekend iwwer gëtt un d’Zwangsrekrutéierung, déi 1942 vun den Nazien ordonnéiert gouf, an deen domat verbonnene Generalstreik vu viru 77 Joer erënnert.

En trauregt Kapitel an der Geschicht vu Lëtzebuerg, bei deem vill ze vill laang déi Jonk Fraen an där ganzer Erënnerungskultur vergiess goufen. De Jeannot Ries huet mat zwou Zäitzeie geschwat.
Et ware schliisslech awer och 3.614 jonk Fraen, déi vun den Nazien an de Reichsarbeitsdienst, respektiv duerno Kriegshilfsdienst, zwangsrekrutéiert goufen. Der 58 vun hinne sinn aner der Friemt gestuerwen. Meeschtens Affer vun alliéierte Bombardementer, well déi jonk Lëtzebuergerinne gezwonge goufen, an däitsche Fabricken ze schaffen. Esou och déi haut 95 Joer al Maisy Ginter-Bonichaux an déi haut 97 Joer al Georgette Sheehan-Jacoby vun Iechternach.

Zwee Temoignagë stellvertriedend fir déi iwwer 3.600 jonk Lëtzebuergerinnen, déi vun den Nazien zwangsrekrutéiert goufen. Am September elo soll an der Stater Gare eng Plaquette zu hiren Éieren ageweit ginn. E Souvenir, fir dee sech ënnert anerem d’Maisy Ginter-Bornichaux agesat huet.

E wichtege Message an den Ae vum Georgette Sheehan-Jacoby, déi mat 97 Joer weider den Tour duerch d’Schoule mécht, fir den Dialog mat de Generatiounen ze sichen, déi zum Gléck de Krich net kennen.

Back to Top
CIM LOGO