Premièresexamen3.795 Kandidaten ageschriwwen, dovunner ronn 57 Prozent Fraen

RTL Lëtzebuerg
De 15. Mee fänken d'Examen am Secondaire Classique an am Secondaire Général un.
© Ben Mullins

Fir d’Summersessioun vun de Premièresexame sinn 3.795 Kandidaten ageschriwwen. 57 Prozent jonk Fraen an 43 Prozent jonk Männer, dat deelt den Educatiounsministère mat. D’Examen am Secondaire Classique an am Secondaire Général fänken nächste Méindeg de 15. Mee un. Am General si gutt 2.000 Schüler fir d’Examen ageschriwwen, am Klassik ronn 1.700. Dobäi kommen 11 Schüler, déi hir Première an Owescoursë maachen.

LINK: De Communiqué vum Educatiounsministère

Back to Top
CIM LOGO