
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg sinn aacht weider Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen, dat dräi e Freideg, zwou e Samschdeg an dräi e Sonndeg. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 930.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 3.835 positiv Fäll bei 13.263 Tester. Dës Zuel gouf aus de Grafike geholl, well d’Date vun den PCR-Tester sech hei vun deenen aus dem Dagesrapport ënnerscheeden.
364 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert. E Freideg waren et der 1.846, e Samschdeg 1.625. E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 81,30 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 46,58 op 100.000.
Den Ament sinn 68 Persounen hospitaliséiert, dovunner 20 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.117.506 Impf-Dosisse genotzt, 449.037 Leit gëllen als komplett geimpft.
Aktuell ginn et 16.343 aktiv Infektiounen, 98.766 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,49. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.