
En Donneschdeg de Moie kuerz no 6 Auer ass um CR122 tëscht Amber a Buerglënster een Auto accidentéiert. Déi blesséiert Persoun gouf vum Rettungsdéngscht vu Jonglënster versuergt.
Géint 10.40 Auer koum et dann zu engem Accident tëscht zwee Gefierer an der Rue Auguste Charles zu Bouneweg. Eng Persoun gouf blesséiert. De Rettungsdéngscht aus der Stad war op der Plaz.