CGDIS3 Accidenter, 2 Persounen ugestouss an 1 Feier

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et an de leschte Stonnen zu e puer Accidenter op eise Stroossen.
RTL-Archiv
RTL-Archiv

Ee Blesséierte gouf et an engem Accident en Donneschdeg den Owend kuerz virun 19 Auer zu Kréindel bei Wëntger. Zwee Autoe waren anenee gerannt. D'Rettungsdéngschter vu Wëntger a Klierf waren op der Plaz.

De Rettungshelikopter vu Lëtzebuerg war en Donneschdeg zu Irsch, heivir an Däitschland am Asaz. Net wäit ewech vun engem Sportsterrain war et an enger Roulotte zu enger Gasexplosioun komm, déi doropshin a Brand geroden ass. Ee Mann vun 58 Joer gouf dobäi ganz uerg verwonnt a mam Rettungshelikopter an eng Spezialklinik op Ludwigshafen geflunn.

Um Sportsterrain war dee Moment grad een Training am Gaangen. 10 Kanner a Jugendlecher goufen a Sécherheet bruecht.

Kuerz virun 6.30 Auer krute sech op der N01 tëscht Bierg a Banzelt 2 Ween ze paken. 2 Persoune goufen dobäi blesséiert.

Ee weideren Accident mat engem Auto gouf et tëscht Biwels a Stolzebuerg, hei gouf et ee Blesséierten.

2 Persounen goufen e Freideg ugestouss, eemol um 8.55 Auer an der Stad an der Rue -eugene Ruppert, deen anere Foussgänger zu Beetebuerg an der Zone industrielle Schelek 2.

Back to Top
CIM LOGO