CGDIS3 Accidenter, 3 Mol hat et gebrannt a Persoun vun Tram ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet, sinn op 2 Plazen am Land Hecken a Brand geroden.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Dat allkéiers zu Esch, zu ënnerschiddlechen Auerzäiten. Eemol géint 00.40 Auer an déi zweete Kéier kuerz no 23 Auer. D’Pompjeeë vu Rëmeleng si bei béide Virfäll op d’Plaz kucke gefuer.

Géint 23.20 Auer hat et an enger Kichen zu Péiteng gebrannt.

Kuerz no Hallefnuecht ass op der Diddelenger A3 en Auto an d’Leitplanke gaangen. Hei gouf et ee Blesséierten.

Deen zweete Blesséierte gouf et eppes no 3 Auer, wéi um CR116 tëscht Schandel a Rëmerech e Won op d’Kopp gaangen ass. D’Police huet an hirem Bulletin Detailer zu dësem Virfall matgedeelt.

Spéider huet de CGDIS nach 2 weider Virfäll gemellt.

Um CR310 tëscht Bungeref an der Kimm huet en Automobilist e Bam mat sengem Won ze pake kritt a gouf blesséiert.

Kuerz no 10.15 Auer ass um Kierchbierg an der Avenue John F. Kennedy eng Persoun vun enger Tram ugestouss ginn. Wéi de CGDIS matdeelt, gouf dës Persoun verwonnt, méi Detailer sinn net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO